D’Generations Lidd

D’Dikrecher Carapio hun fir d’Ofschlossfeier e flott Generations Lidd op d’Melodie vun “Aux champs Elysées” geschriwen : Strophe 1 Ounie Jucht, mat vill Gepäck De Ravi ass ee riese Geck D’Veillée war u sech ee Flop Trotzdem wore mir gudd drop D’Zelter si well opgeriicht Si sin schon beschen fiicht Mir schloofen awer gaer am Zelt […]

Special : Visite mam Frank Infrastrüktür

Während dem Openthalt zu Veianen huet de Frank (a.k.a. Frank Infrastrüktür oder och Frank the Tank) zu enger klenger Besichtegung vun der besonneger Art agelueden. Hei nach eng Kéier d’Visite a Biller 🙂

Dat war et!

10 flott Deeg um Generations Camp sin eriwer. Merci nach eng Kéier alle Gruppen déi do waren an all de Leit déi gehollef hun! Hei um Site fannt dir iwer 500 Fotoen vun allen Aktivitéiten (déi läscht kommen och nach demnächst no). An de nächsten Wochen kritt dann och all Grupp eng DVD mat alle […]

Generations News 3 online

Viru kuerzem hu mer den drëtten a läschten Info Bréif fir den Generations Camp un déi responsabel Cheffen geschéckt. Hei könnt dann elo och erem d’Generations News 3 direkt iwer eise Site eroflueden. Bis geschwenn zu Luerenzweiler!

Generations News 2 online

Viru kuerzem hu mer deen zweeten Info-Bréif un déi responsabel Cheffen vun deene verschiddenen Gruppe verschéckt. Elo könnt der och d’Generations News Nummer 2 hei um Site erof lueden. Dei drëtt a läscht Generations News kommen Mett Juli eraus.

Programm à jour

Vu datt de Camp e besse méi kleng ausfällt wéi geplangt, hu mer elo keng  Souscamp méi mee  ee grousse Camp, an esou ass de Programm och à jour gesat gin.

Generations News 1 online

Virun e puer Deeg hu mer deen éischten Info-Bréif schon un déi responsabel Cheffen vun deene verschiddenen Gruppe verschéckt. Elo könnt der d’Generations News Nummer 1 och hei um Site erof lueden. Dei nächst Generations News kommen Enn Mee / Ufanks Juni.

Umeldungen Camp

De Camp fällt fieraussiichtleg méi kleng aus wéi firgesin, wat awer nët heescht, dass de Camp dofir manner flott gëtt. Et hun sech ugemellt: Stamm Artus vun Schwabach-Wolkersdorf (D) Carapio vu Grosbous Carapio vun Dikkrech Carapio vu Bouneweg FNEL vu Luerenzweiler Avex a Carapio vun Luerenzweiler

De Programm ass online

De Programm vum Generations Camp ass elo online! Wéi der gesidd gett vill gebueden an et misst fir jidereen eppes passendes dobei sin.

Internet Site

Den Internet Site vum Generations Camp ass elo online. An de nächsten Deeg a Wochen kommen all wichteg Informatiounen zu eisem internationale Camp hei op d’Säiten. Kuckt also reegelméisseg hei eran!